arrow_back_ios
Commentaire
D'USA loossen hir alliéiert Kurden am Stach
Déi tierkesch Offensiv an Nord-Syrien huet schonn zu Doudesaffer geféiert. De Regimm vum tierkesche President Erdogan gëtt vun alle Säite kritiséiert, och vun den USA, awer net esou richteg. Well ugefaangen huet dëst Militärmanöver mat enger Decisioun vum US-President Donald Trump. Wéi hien dës Entscheedung, déi alliéiert Kurden an Nord-Syrien am Stach ze loossen, erkläert, erzielt eise Washington-Korrespondent Philip Crowther.