Aktuelles
Am Gespréich mam israelesche Journalist Gideon Levy
Den israelesche Journalist Gideon Levy appelléiert un déi international Communautéit: Et dierft een d'Aen net zoumaache virun de Mënscherechtsverstéiss um palestinensesche Vollek. Et géing net drëm goen, sech fir eng Säit ze positionéieren, mee sech fir déi international Mënscherechter anzesetzen. D'Angscht als anti-semitistesch duergestallt ze ginn an e wichtege Wirtschaftspartner ze verléieren, dierften net mat der aktueller Realitéit vermëscht ginn, sou den Gideon Levy, deen zu Lëtzebuerg war op Invitatioun vum Comité d'une paix juste au Proche-Orient.