Aktuelles
Politesche Wocheréckbléck: Affär Traversini
D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg steet wéinst der Autorisatioun fir dem Roberto Traversini säi Gaardenhaus ënner Drock. Obschonns hien als Buergermeeschter vun Déifferdeng wéi als Deputéierten zeréckgetrueden ass an d'Gaardenhaus wëllt ofrappen loossen. D'Fro ass, ob de Roberto Traversini vum Carole Dieschbourg an hire Servicer bevirdeelegt gouf. D'Oppositioun an der Chamber zweiwelt drun, ob déi Autorisatioun iwwerhaapt hätt dierfen ausgestallt ginn, a si fënnt et wier immens séier gaangen. D'Ministerin huet antëschent zouginn, datt de Roberto Traversini hir gesot hat, hie misst eng Autorisatioun ufroen - obschonns hie méi wéi emol gesot hat, hien hätt dat zu kengem Moment gemaach. De Parquet huet Ënnerlagen um Ëmweltministère saiséiere gelooss. D'Carole Dieschbourg muss fir d'zweet bannent enger Woch an d'Chamberkommissioun Ëmwelt, well bei der éischter Sitzung net all Froen duerchgeholl konnte ginn. Weider Hannergrënn vum Michèle Sinner.