arrow_back_ios
Aktuelles
Sträit am Wëmper Gemengerot
Wéi ass d'Resultat vum Referendum virun engem Mount an der Gemeng Wäisswampech ze interpretéieren? Doriwwer ass gëschter am Gemengerot vu Wäisswampech diskutéiert ginn. 60 Prozent vun de Wieler hate sech géint e Projet fir e Fräizäitpark ronderëm de Séi bei der Uertschaft ausgeschwat. De Stephan Polet war gëschter bei der Gemengerotssëtzung dobäi, déi alles anescht wéi roueg verlaf ass.