arrow_back_ios
Aktuelles
40% vun den Drauwen si verdréchent
De Klimawiessel an déi héich Temperaturen wärend dem Summer haten een Impakt op de Wäibau. 40 Prozent vun den Drauwen si verdréchent, seet de Wënzer Jean-Marc Schlink vu Meechtem. D'Qualitéit vum Wäin wier awer dëst Joer gutt. Fir d'Zukunft misst ee sech upassen, an d'Aarbecht am Wäibau aneschters gestalten.
Wéinst dem Verloscht un Drauwen, huet een dëst Joer iwwerejens manner Läit fir d'Lies rekrutéiert, esou de Jean-Marc Schlink.