Aktuelles
EU riskéiert eege Klimaziler ze verfeelen
Een Dag nom emotionalen Appell zu New York vun der Klima-Aktivistin Greta Thunberg, hu gëschter zu Bréissel d'Energieministeren aus den EU-Länner de point gemaach iwwert d'Situatioun an Europa.
Tatsaach ass, dat d'EU riskéiert, hir eege Klimaziler, déi si sech bis 2030 ginn huet, net ze erreechen. Enger Evaluatioun vun der Kommissioun no, geet dat , wat déi eenzel Länner plangen net duer. Gëscht goufen nei Versprieche gemaach. Déi mussen awer nach a konkret Mesuren agepaakt ginn. Och zu Lëtzebuerg.