Aktuelles
Youth for Climate am Interview
Haut ass d'Demonstratioun vu Youth for Climate. Eng Demonstratioun, déi schonn am Virfeld fir Diskussioune gesuergt hat, well den Educatiounsministère Uganks een automateschen non-excusé fir d'Participanten ugekënnegt hat. Gëschter Owend huet et dunn awer vum Ministère geheescht, dass Schüler, déi vun hiren Elteren eng Ufro fir eng Dispens hunn, keen Non-Excusé géife kréien. Wéi ass d'Kommunikatioun tëscht den Organisateuren an dem Ministère am Virfeld gelaf? Doriwwer huet d'Lara Bousch mam Natacha Lepage, Pressespriecherin vu Youth for climate, geschwat.