Aktuelles
De Service Deminage nom Verloscht vun zwee Ënneroffizéier
Um Härebierg zu Dikrech gëtt de Moien eng Erënnerungs-Plack devoiléiert, fir un déi Arméi-Memberen ze erënneren, déi am Déngscht gestuerwe sinn. Bei der Zeremonie dobäi sinn de Grand-Duc, de Chamberpresident, de Premier an de Verteidegungsminister.
Viru ronn siwe Méint ware bei enger Explosioun am Munitiounsdepot um Waldhaff zwee Membere vum Deminage-Service vun der Arméi gestuerwen.
Wéi geet de Service mam Tëschefall vum 14. Februar ëm?
Dat hu mir de Chef vum Deminage-Service vun der Arméi, de Capitaine François U. gefrot. Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.