Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

De Chef vum Service de déminage de l'armée luxembourgeoise

De Service Deminage nom Verloscht vun zwee Ënneroffizéier

Um Härebierg zu Dikrech gëtt de Moien eng Erënnerungs-Plack devoiléiert, fir un déi Arméi-Memberen ze erënneren, déi am Déngscht gestuerwe sinn. Bei der Zeremonie dobäi sinn de Grand-Duc, de Chamberpresident, de Premier an de Verteidegungsminister.

Viru ronn siwe Méint ware bei enger Explosioun am Munitiounsdepot um Waldhaff zwee Membere vum Deminage-Service vun der Arméi gestuerwen.

Wéi geet de Service mam Tëschefall vum 14. Februar ëm?

Dat hu mir de Chef vum Deminage-Service vun der Arméi, de Capitaine François U. gefrot. Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen