Panorama

National an international Noriichten

Panorama

  1. Am Kader vun den Negociatioune fir en neie Brexit-Accord kënnt de britesche Premier Boris Johnson e Méindeg op Lëtzebuerg. Et sinn Treffe mam Xavier Bettel a mam EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker geplangt.
  2. Den Educatiounsminister Claude Meisch wëllt d'Schüler an deene Beräicher fërderen, déi net vu Maschinne kënnen iwwerholl ginn, ouni dobäi awer hir digital Kompetenzen ze vernoléissegen.
  3. E geplangten Akaf- a Fräizäitzenter mat Hotel suergt fir Diskussiounen zu Jonglënster.
  4. Alles an allem 36.800 Euro d'Joer spuert de Staat duerch Ewechhuele vun de Stroosseluuchten op verschidden Autobunnsstrecken. Dat ass manner wéi viru fënnef Joer ugeholl.
  5. Arcelor-Mittal confirméiert, datt am Kader vum Projet Score fir d'Kompetitivitéit vun de Sitte Belval an Déifferdeng ze verbesseren 216 Plazen sollen ofgebaut ginn.
  6. Nom Stauséi an dem Séi zu Wäisswampech goufen elo och Bloalgen an de Baggerweieren zu Rëmerschen fonnt. Bis op Weideres sinn all Aktivitéiten an an um Waasser verbueden.
  7. Den Eurogrupp wëllt an Zukunft méi transparent schaffen. Dat sot den Eurogruppechef Mario Centeno haut, no enger informeller Renconter vun den Euro-Finanzministeren haut zu Helsinki.
  8. Am Tennis war et haut schonn déi drëtt Néierlag fir d'Lëtzebuerger am Davis-Cup zu Athen. D'Equipe vun der FLT probéiert muer den Ofstig an d'Europazon IV ze verhënneren.

Rezent Emissiounen

  • Panorama

    Neie Brexit-Deal läit um Dësch / Grouss Immobilieprojeten drécke Wunnengspräisser an d'Luucht / Croix-Rouge warnt virun héijer Aarmut
     

  • Panorama

    Duerchbroch bei de Brexit Verhandlungen / Entwécklungen an der Enquête iwwer de Roberto Traversini / H. Kox explizéiert Pacte Logement 2.0

  • Panorama

    Brexitaccord nach um EU-Sommet? / Deadline 1.11 fir PAGen: Chambre Immobilière warnt / US-Vermëttlungen zu Ankara iwwer Nordsyrien

  • Panorama

    Brexitaccord nach um EU-Sommet? / Deadline 1.11 fir PAG'en: Chambre Immobilière warnt / US-Vermëttlungen zu Ankara iwwert Nordsyrien

  • Panorama

    Nach keen Accord bei Brexit-Verhandlungen / Juncker-Kommissioun bleift méi laang wéi geplangt am Amt / Zweeten Dag belsch Staatsvisite

  • Panorama

    Belsch Kinnekskoppel haut um Härebierg / Brexit-Accord: Verhandlunge gi weider / 400.000 Mënsche stierwen all Joer wéinst Loftverschmotzung

  • Panorama

    Enquête bei Natur- a Bëschverwaltung wéinst staatlechem Verstouss géint Naturschutzgesetz / President vum Verwaltungsgeriicht kritiséiert Jean Asselborn / Brexit Diskussiounen ënner Zäitdrock

  • Panorama

    Enquête bei Natur- a Bëschverwaltung wéinst staatlechem Verstouss géint Naturschutzgesetz / President vum Verwaltungsgeriicht kritiséiert Jean Asselborn / Brexit Diskussiounen ënner Zäitdrock

  • Panorama

    STATEC: 4 vu 5 Persounen zefridde mat Aarbecht / Optakt Verhandlunge Sozialplang RTL Group / Brexit: Wettlaf géint Zäit fir Accord ze fannen

  • Panorama

    Belsch Kinnekskoppel fir Staatsvisite ukomm / Véier vu fënnef Leit zefridde mat hirer Aarbecht / Barnier: Brexit-Accord dës Woch méiglech
     

  • Panorama

    Belsch Kinnekskoppel op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg / US Sanktioune géint d'Tierkei wéinst Offensiv a Nordsyrien / Däitsche Buchpräis fir Saša Stanišić

  • Panorama

    Belsch Kinnekskoppel op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg / US Sanktioune géint d'Tierkei wéinst Offensiv a Nordsyrien / Däitsche Buchpräis fir Saša Stanišić

  • Panorama

    Budget 2020: Investitiounen, Ëmwelt a Klimaschutz / EU-Ausseministere condamnéieren tierkesch Offensiv a Syrien / Bis zu 13 Joer Prisong fir katalanesch Separatisten

  • Panorama

    Budgetsprojet 2020: Prioritéit Ëmwelt- a Klimaschutz / Nordsyrien: EU muss handelen / Bis zu 13 Joer Prisong fir katalanesch Separatisten

  • Panorama

    Syrie schéckt Truppen an Nordsyrien / Polnesch Regierungspartei PiS wënnt Parlamentswahlen / Queen's Speech am britesche Parlament

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen