arrow_back_ios
Aktuelles
Reorganisatioun vum RGTR-Bus Reseau
De Bus-Reseau RGTR gëtt vu Mee 2020 u komplett reorganiséiert. Deen neie Reseau gesäit néng grouss Axe vir, déi déi grouss a regional Pôle d'échangë verbannen.
D'Vernetzung vum ëffentlechen Transport gläicht engem Drauwesystem. Déi regional a lokal Buslinne ginn un déi Haaptaxe gebonnen. Transversal Linne komplettéieren dee Reseau. Dobäi kënnt am ländleche Raum ee Ruffbus, deen ee kann iwwer eng App bestellen. D'Carole Schimmer mat Detailer.