Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Reorganisatioun vum RGTR-Bus Reseau

De Bus-Reseau RGTR gëtt vu Mee 2020 u komplett reorganiséiert. Deen neie Reseau gesäit néng grouss Axe vir, déi déi grouss a regional Pôle d'échangë verbannen.

D'Vernetzung vum ëffentlechen Transport gläicht engem Drauwesystem. Déi regional a lokal Buslinne ginn un déi Haaptaxe gebonnen. Transversal Linne komplettéieren dee Reseau. Dobäi kënnt am ländleche Raum ee Ruffbus, deen ee kann iwwer eng App bestellen. D'Carole Schimmer mat Detailer.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen