Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Ee "modernt Strofrecht" am Laos?

D'Kooperatiounsministesch Paulette Lenert huet gëschter dem laotesche Justizminister dat éischt Strofgesetzbuch, dat et am Land jee gouf, offiziell iwwerreecht. Duerch d'Dokument wier de Laos elo mat engem "moderne Strofrecht" equipéiert, esou d'Ministesch an hirer Ried. Allerdéngs ass d'Doudesstrof am Strofgesetzbuch festgehalen. Hannergrënn vum Françoise Keller.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen