arrow_back_ios
Aktuelles
"Fir a Péiteng ran, do stoungen d'Stroosse voll Leit"
Haut op den Dag viru genee 75 Joer, sinn déi éischt Amerikaner zu Péiteng iwwer d'Grenz marschéiert. Den 9. September ass bis haut den éischten Dag vun der Liberatioun vum Land, och wa gemenkerhand vum 10. rieds geet, deem Dag wou d'Haaptstad vun der däitscher Besatzung befreit gouf. Zu Péiteng gëtt sech all Joers un d'Evenementer vun deemools erënnert. Och wann d'Erhale vun der Memoire mat de Joren net méi einfach gëtt. E Bäitrag vum Christiane Kleer.