arrow_back_ios
Aktuelles
Warschau: Treffen tëschent Pence an Duda
Den amerikanesche Vize-President Mike Pence huet gëschter zu Warschau de polnesche President Duda getraff. D'USA a Polen hunn e Plang fir 1.000 amerikanesch Truppen a Polen ze schécken, 4.500 amerikanesch Zaldote sinn elo schonn a Pole baséiert.
De Pence war a leschter Minutt fir den Donald Trump agesprongen, well den US-President sech wollt op de geféierlechen Hurrikan konzentréieren. Eisen USA-Korrespondent Philip Crowther war fir eis zu Warschau.