arrow_back_ios
Aktuelles
Déi reell Beneficiairë vu Gesellschaften
Déi reell Beneficiairë vu Gesellschaften, ASBLen an anere Strukture kënne geschwënn ëffentlech consultéiert ginn. Dee neie Régistre des bénéficiaires effectifs soll vun e Sonndeg, 1. September un, ëffentlech accessibel sinn. Bis e Samschdeg, 31. August, hunn d'Gesellschaften nach Zäit, Detailer iwwer hir reell Beneficiairen an deen neie Regëster anzedroen. Eng ganz Partie hunn dat awer nach net gemaach. De Pierre Reyland mat Hannergrënn.