arrow_back_ios
Aktuelles
Zwou Wochen nom Tornado
Zwou Wochen nom Tornado zu Käerjeng a Péiteng wieren d'Opraumaarbechte gréisstendeels ofgeschloss, soen d'Buergermeeschter vu béide Gemengen. D'Efforte fir Betraffener ze relogéiere sinn awer nach am Gaang. Zu Péiteng sinn 31 Wunnengen net bewunnbar. Zu Käerjeng kënne sechs Famillen den Ament net an hir Wunnengen zeréckgoen. D'Françoise Keller war op der Plaz an huet nogefrot, wat zanter dem Tornado passéiert ass.