arrow_back_ios
Aktuelles
Wou d'Uelzecht duerch d'Industriezon zéit
Et musse méi Efforten ënnerholl ginn, fir d'Waasser-Qualitéit vun der Uelzecht ze verbesseren. Dat fuerdert de Paul Weimerskirch, Buergermeeschter vun der Gemeng Schëffleng a President vun der Uelzecht-Flosspartnerschaft. An deene leschte Jore wier vill iwwer potentiell Verbesserungen diskutéiert ginn. Elo misste konkret Moossnamen ergraff ginn. De Maurice Antony huet sech mam Paul Weimerskirch ënnerhalen.