Concert Euroradio
De Concours Reine Elisabeth 2019: Plaze 6 bis 4
De Concours Reine Elisabeth ass e grousst Sprangbriet fir eng international Carrière ze lancéieren. An och dëst Joer war de Cru bei de Geiiste vu ganz héijer Qualitéit.
An engem Ofschlossconcert konnt een déi sechs éischt Laureaten, mat Klassiker aus der Geieliteratur, kenneléieren. Mir proposéieren Iech haut d'Plaze sechs bis véier, e Live-Concert Euroaradio, opgeholl vun der RTBF.
Wolfgang Erich Korngold: Geieconcerto mam Iona Cristina Goicea (6)
Felix Mendelssohn Bartholdy: Geieconcerto en mi mineur mam Julia Pusker (5)
Pjotr Illitch Tchaikovksy: Geieconcerto mam Shannon Lee (4)
Membere vum Antwerper Sinfonieorchester. Direktioun: Martyn Brabbins.