arrow_back_ios
Aktuelles
Angscht virun enger Rezessioun an den USA
An den USA geet d'Angscht ëm, datt et geschwënn zu enger Rezessioun kéint kommen. En neie Sondage vun amerikaneschen Ekonomiste weist, datt 74 Prozent vun hinne sech eng Rezessioun virum Enn vum Joer 2021 erwaarden. Wall Street weist sech a leschter Zäit nervös, an d'Confiance vun den Amerikaner an hir eegen Ekonomie geet erof.
Am Wäissen Haus ginn esou Ängschten awer séier rejetéiert. Méi dozou an dëser Korrespondenz vu Washington vum Philip Crowther.