Lëtzebuerg entdecken

Claude Faber Pit Walté

De Summer duerch hëlt de radio 100,7 iech mat op déi schéinste Plaze vum Land, déi méi oder manner bekannt, mä sécher der Wäert sinn entdeckt ze ginn. Donieft stellt de radio 100,7 iech eng Rei vun de Campinger aus dem Grand-Duché an d'Leit, déi do Vakanz maachen, vir.

Camping Ettelbruck

Déi sëllechE Syndicats d'initiative et de tourisme uechter d'Land leeschten zanter ville Joren eng wonnerbar Aarbecht, fir net zulescht déi touristesch Attraktivitéite vun eisem Ländchen an d'Vitrinn ze stellen. Dobäi hunn dës Beméiungen dacks schonn ëm d'Joerhonnertwenn ugefaangen, wéi sech op ville Plazen Verschéinerungsveräiner gegrënnt hunn. Den Hinnche vun Ettelbréck ass vun esou enger Société d'embellissement ëm d'Joer 1903 opgebaut ginn.

Rezent Emissiounen

  • Camping Krounebierg

    De Camping läit zu Miersch, direkt bei Nationalmonument vun der Onofhängegkeet. Et gouf vill investéiert, fir de fënnef Stäre gerecht ze ginn.

  • Ënnerwee am Mëllerdall

    Den Nordoste vum Land bitt vill Wander- a Vëlosweeër.

  • Camping Kockelscheuer

    E gutt besichten Duerchgangs-Camping, an deem awer nach vill méi Potential stécht.

  • De Béier, d'Gierwerei an d'Ardennen-Offensiv

    Zu Wolz am Schlass ginn et direkt dräi Muséeën ze entdecken.

  • Europa-Camping Nommerlayen

    Tëschent den typische Sandfielsen no bei Miersch läit de familljefrëndlechen Europa-Camping Nommerlayen. 

  • De Biodiversum an den Haff Réimech

    An de Weieren zu Riemeschen ginn et vill Planzen- an Déieren-Aarten ze entdecken. Am Biodiversum niewendrun ginn et vill Informatiounen dozou.

  • Camping Op Kengert

    Op Kengert ass deen éischte Camping hei am Land, deen dëse Weekend mat enger offizieller Lëtzebuerger Klassifikatioun vum Tourismus-Ministère ausgezeechent gouf.

  • D'Kasematten

    D'Tunnellen ënner der Stad zielen zu de gréissten Attraktioune vu Lëtzebuerg.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen