arrow_back_ios
Aktuelles
Eng inklusiv humanitär Hëllef
De Fokus vun der humanitärer Hëllef soll an den nächste Jore verstäerkt op Persoune mat Behënnerung geluecht ginn. Dat sot d'Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheete gëschter um internationalen Dag vun der humanitärer Hëllef. Vertrieder vun den Hëllefsorganisatiounen zu Lëtzebuerg begréissen dës Entwécklung, well doduerch eng méi inklusiv Aarbecht geleescht kéint ginn. De Maurice Antony mat weideren Detailer.