Aktuelles
Andréck vun Hongkong
Zanter Méint gëtt an de Stroosse vun Hongkong géint d'Regierung protestéiert. Ugefaangen huet alles mat der Oppositioun géint ee Gesetzesprojet, deen et sollt erméiglechen, Prisonéier vun Hongkong a China auszeliwweren - Hongkong steet ënner der Verwaltung vu China. An de leschten Deeg waren d'Protester méi intensiv ginn, an déi chinesesch Regierung hat domat gedreet, Gewalt anzesetzen. De Lëtzebuerger Fotograf Jose Lopes Amaral ass am Taiwan baséiert, mee hien huet d'Protester zu Hongkong vun Noem suivéiert. De Pit Walté huet mat him iwwer d'Situatioun op der Plaz geschwat.