arrow_back_ios
Aktuelles
Iwwer Quantitéit a Qualitéit an de Lëtzebuerger Bëscher
Anescht wéi an den Tropen geet et de groussen Déieren an eise Bëscher gutt. Mee dofir hunn déi kleng et méi schwéier, erkläert den Dr. Laurent Schley, Biolog an directeur adjoint vun der Naturverwaltung am 100,7-Interview. Bei der Qualitéit vum Bësch hei am Land wier nämlech nach Sputt no uewen. D'lescht Woch hat d'Ëmweltorganisatioun WWF an enger Etüd festgestallt, datt weltwäit d'Déiere-Bestänn an de Bëscher zanter 1970 am Duerchschnëtt ëm d'Hallschent zeréckgaange sinn. E Bäitrag vum Christiane Kleer.