Aktuelles
Déi geplangte Reform vum Notariat
6 min
D'Zuel vun den Notairen hei am Land ass op 36 limitéiert. All d'Notairë si Lëtzebuerger.
Wäert et an Zukunft méi Notairen hei am Land ginn? A wäerten och Bierger aus aneren EU-Staaten Notaire am Grand-Duché kënne ginn?
Dat si Froen, déi sech am Kontext vun der geplangter Reform vum Notariat stellen. D'Regierung plangt eng "fundamental Reform". Am Mee d'lescht Joer hat de Justizminister Félix Braz e Projet deposéiert fir d'Gesetz vun 1976 ze reforméieren. Ziler vun der Reform sinn eng Moderniséierung vun der Professioun an eng Upassung un d'EU-Recht. De Staatsrot hat am Mee dëst Joer e ganz kriteschen Avis formuléiert.
Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.