Aktuelles
D'Verfassung an d'Onofhängegkeet vun der Justiz
Déi nei Verfassung an d'Justizreform solle gläichzäiteg, virun 2023, a Kraaft trieden: dat hofft de Justizminister. Hie wéilt optimistesch bleiwen, och no der neier CSV-Positioun a Saache Grondgesetz, esou de Félix Braz am 100,7-Interview.
Dem Minister a Vize-Premier no wier déi nei Verfassung eng Noutwendegkeet fir d'Land. Wann - Zitat - "d'Kolleege vun der CSV" hir Meenung net géifen änneren, da géif et awer natierlech ganz schwiereg ginn, ass de Félix Braz sech bewosst.
Wat géif e Retard bei der geplangter neier Verfassung fir seng geplangte Justizreform bedeiten? Doriwwer huet de Serge Kesseler mam grénge Minister geschwat.