arrow_back_ios
Aktuelles
Eng Extra-Wurscht fir d'Alkoholsindustrie
Dat ze vill Alkohol net gesond ass, ass gewosst. Dat Gedrénks mat Alkohol vill Kalorien huet, ass net esou bekannt. Dofir gëtt dacks den Zesummenhang vun Alkohol-Konsum an Iwwergewiicht ënnerschat. Trotzdem huet d'EU dem Gedrénks mat Prozenter ee ganz speziellen Traitement accordéiert - anescht wéi bei Liewensmëttel mussen keng genee Donnéeën iwwer d'Inhalststoffer op den Etikette stoen. Hei konnt sech d'Lobby vun der Gedrénksindustrie duerchsetzen. D'Danièle Weber mat den Detailer.