Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Lydie Lorang

No iwwer fënnef Joer Paus kéint de Bommeleeër-Prozess nei opgerullt ginn: De Parquet huet d'lescht Woch néng weider Männer inculpéiert. Heescht dat, datt elo Opklärung a Siicht ass? Dat freet de Rick Mertens d'Affekotin vum Jos Wilmes, dee schonn zënter iwwer zéng Joer an dëser Affär beschëllegt ass.

Rezent Emissiounen

  • Lex Delles (DP)

    Wéi een Tëschebilan vun der Tourismussaison zitt de Mëttelstands- an Tourismusminister? Doriwwer schwätze mir mam Lex Delles.

  • Gilles Vansteenkiste

    Mam President vun Amnesty Lëtzebuerg geet rieds iwwer intern Problemer an allgemeng Mënscherechts-Froen.

  • Michel Ries

    Dee jonke Cyclist - Joergang 1998 - huet fir zwee Joer bei der WorldTour-Equipe Trek Segafredo ënnerschriwwen.

  • Manou Goergen

    D'Europa League ass fir den F91 Diddeleng net just eng sportlech, mee och eng organisatoresch a logistesch Erausfuerderung. De Member vum Verwaltungsrot am Gespréich.

  • Patrick Dondelinger

    Firwat brauche mir en immateriellt Kulturierwen? Mir froen den zoustännege Beamten aus dem Kulturministere.

  • Robert Mannes

    Mir froen de Responsabele vum Institut Vini-Viticole op de Klimawandel eng Chance fir d'Lëtzebuerger Wënzer ass.

  • Serge Legil

    Wéi ee Bilan zitt de Prisongsdirekter no engem Joer am Amt?

  • Liliane Ferron

    Aktuell Froen zum Thema Déiereschutz mat der Vize-Presidentin vun der Lëtzebuerger Déiereschutzliga Asbl

  • Michel Deckenbrunnen

    Den Éischtgewielte bei de leschte Wahlen an aktuelle Schäffe vu Wäiswampech reagéiert op de kommunale Referendum iwwer de Projet beim Séi.

  • Jean-Paul Scheuren

    D'Analys vum Lëtzebuerger Wunnengsmaart a senge Problemer - aus der Siicht vum President vun der Chambre Immobilière.

  • Andreas Hück

    Leit, déi ënner de Folge vum Tornado leiden, kënne vum Groupe permanent d'encadrement psycho-traumatologique (GPEPT) gehollef kréien.

  • Raymond Becker

    Asaz fir Fridden an Ofrëschtung am Schied vun der Klimabeweegung: e Gespréich mam Matgrënner vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform.

  • Lynn Luciani

    D'Presidentin vun der Douanesgewerkschaft iwwer d'Aufgabe vun der Verwaltung an d'Suerge vun den Douanieren.

  • Roland Kuhn

    Um éischte Schaffdag nom Kollektiv-Congé ass de President vun der Federatioun vun de Bau-Entreprisë Gaascht am Studio.

  • Marc Hengen

    Eng honnert Milliounen Euro wäert den Tornado d'Assurancë kaschten, mengt de Branche-Verband ACA. Säin Administrateur-délégué steet Ried an Äntwert.

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen