arrow_back_ios
Aktuelles
D'Demokraten debattéieren fir d'zweete Kéier zu Detroit
Gëschter Owend zu Detroit hunn eng weider zéng demokratesch Presidentschaftskandidaten aus engem Grupp vun iwwer 20 nees debattéiert. All wëllen si vun der Demokratescher Partei nominéiert gi fir d'Course géint den US-President Donald Trump am November 2020 ze gewannen.
De fréiere Vize-President Joe Biden ass de Favorit an de Sondagen an hie war och gëschter am Zentrum vum Debat a gouf vun alle Säiten ugegraff. Eise Korrespondent Philip Crowther war zu Detroit dobäi.