Aktuelles
Protheese fir Kriseregioune mat 3D Printer
Handicap International lancéiert ee Pilotprojet, fir mat 3D Printer Protheesen ze produzéieren, déi fir Affer a Kriseregioune geduecht sinn. Well et a Syrie fir Techniker ze geféierlech ass, ginn d'medezinesch Date mat Hëllef vun enger Kamera opgezeechent an iwwer Internet un een 3D-Print Atelier virugeschéckt. Déi Technik ass fir den Ament nach ze deier, fir se iwwerall kennen anzesetzen. Déi nei Kommunikatiounstechnologië gi vun Hëllefsorganisatiounen och an anere Beräicher agesat, a Katastrophegebidder, an der Educatioun oder an der Rehabilitatioun.