arrow_back_ios
Aktuelles
"Invasiv Alien am Gronn"
Aarten, déi an eise Regiounen net heemesch sinn, kënnen eisen Ekosystem schiedegen a geféierlech fir déi biologesch Diversitéit sinn. Verschiddener kënnen awer och eng Beräicherung sinn. An der ganzer EU schwätzen Experten vun ëm déi 12.000 friemen Aarten, vun deene sech ronn 15 Prozent invasiv verhalen an domat eventuell negativ Auswierkungen hunn.
Den Dr. Christian Ries féiert duerch de Gronn, op der Sich no invasiven Planzenaarten, sougenannt Neophyten.