arrow_back_ios
Aktuelles
Pech an trotzdem optimistesch
D'Lëtzebuerger Profi-Fecht-Athletin Lis Fautsch ass op der Weltmeeschterschaft zu Budapest onglécklech ausgescheet. Si stoung géint d'Nathalie Moellhausen an der Véierelsfinall, déi schlussendlech Weltmeeschterin gouf. D'Lis Fautsch fillt sech vum Arbitter ëm eng Medail bedrunn. Am 100,7-Interview erkläert si, firwat si trotzdem nach un eng Participatioun bei den nächsten Olympesche Spiller d'nächst Joer zu Tokyo gleeft. De Chris Zeien mat Hannergrënn.