B-Radio

B-Radio ass déi aner Kulturemissioun hei um 100,7. Loosst Iech iwwerrasche vun dëser Emissioun, déi sech all Mount op eng speziell Manéier mat Kultur a Subkultur am breede Sënn beschäftegt. B-Radio, dat ass eng 100,7-Equipe ronderëm de Michel Delage, deen duerch Emissioun begleet.

Den Giallo-Stil

Spannung, Blutt, Witz, mee och méi nodenklech an och absurd Momenter ... Dat alles erwaart Iech an der éischter Episod vun eiser neier Kulturemissioun. Et geet ëm den Giallo, ee Subgenre vum italienesche Filmkrimi. D'Equipe vum B-Radio - Michel Delage, Valerija Berdi, Mike Tock, Tom Dockal an Jamie Reinert - wënscht Iech vill Spaass.

Rezent Emissiounen

  • Muay Thai

    Thai-Boxen, deen häertste Kampfsport op der Welt? Net wann een d'Fraen an d'Männer freet, déi hir Passioun hei am Land ausliewen. Mondschutz un - a lass!         

  • Summersammelsurium

    Summer ass Sonn, Summer ass Vakanz, Summer si Kandheetserënnerungen - eng lëschteg, rhythmesch an nodenklech Rees duerch eng hannerlëschteg Joereszäit!

  • Spezial Provokatioun

    Verschidde Kënschtler kann oder muss een als Provokateure bezeechnen. Anerer hu just deen Usproch - ouni ëm awer gerecht ze ginn ... Mir maachen den Tri!

  • Manga

    Manga, Anime, Cosplay ... Eng aus Japan importéiert Subkultur, déi sech och bei eis etabléiert huet. Mir exploréieren dës konterbont Welt op eng faarweg Manéier!

  • Lëtzebuerger Kultplazen

    Wie kennt nach de fréieren Tornado zu Péiteng oder de Flashback zu Uewerkuer? Déi aner Kulturemissioun léisst dës an aner Kultplazen nees opliewen.

  • Gigante vum klenge Fussball

    Am Kicker zielt Lëtzebuerg zur Weltelite an de Futsal gëtt hei am Land ëmmer besser - zwou spektakulär Sportaarten, déi absolut hir Plaz am B-Radio hunn!

  • Den Giallo-Stil

    Spannung, Blutt, Witz, mee och méi nodenklech an och absurd Momenter ... Dat alles erwaart Iech an der éischter Episod vun eiser neier Kulturemissioun.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen