Aktuelles
Nohaltegkeet vum Pensiounssystem: "Déi Warnung ass net nei"
De Pierre Gramegna begréisst d'Debatt iwwer d'Nohaltegkeet vum Pensiounssystem: d'Warnung dës Woch vum President vun der Pensiounskeess Fernand Lepage wier awer net nei, huet de Finanzminister op Nofro hi gesot.
De President vun der Pensiounskeess hat virgëschter am 100,7-Interview kritiséiert, datt de Pensiounssystem net nohalteg wier. Net anzegesinn, datt de System misst adaptéiert ginn, wier extrem irresponsabel.
Duerch dës Aussoe vum Fernand Lepage gesäit d'Oppositioun an der Chamber sech confirméiert.
Dir héiert e Bäitrag vum Serge Kesseler.