Aktuelles
"Pensiounssystem ass net nohalteg"
De President vun der Pensiounskeess mécht en Appell fir eng Diskussioun iwwer d'Nohaltegkeet vum Pensiounssystem. Haut géif a quasi allen Domänen iwwer d'Nohaltegkeet geschwat ginn, just net bei der Pensiounsversécherung.
Et wier extrem irresponsabel, wann een net wéilt agesinn, datt de Pensiounssystem muss adaptéiert ginn, esou de Fernand Lepage am 100,7-Interview. Dat wier eng eminent politesch Fro. D'Zuel un de Pensiounsuspréch géif déi nächst Jore klammen. Fir der aktueller aktiver Populatioun hir Pensiounen ofzeséchere bräicht Lëtzebuerg iwwer eng Millioun Salariéen.
Et wier méi einfach fréi Mesuren ze ergräifen, well da wieren d'Konsequenzen um Enn net esou staark, esou de Fernand Lepage, dee virun engem Joer d'Presidence vun der Pensiounskeess iwwerholl huet. Och säi Virgänger, de Robert Kieffer, huet reegelméisseg gewarnt, datt d'Recetten an d'Ausgabe vun der Pensiounskeess op Dauer géifen aus dem Equiliber geroden.
De Jean-Claude Franck huet sech mam Fernand Lepage ënnerhalen.