arrow_back_ios
Aktuelles
UMEDO - Bilan no engem Joer
Affer vun haislecher Gewalt, déi net direkt eng Plainte maachen, déi awer e Beweis behale wëlle fir de Fall, wou si hir Meenung enges Daags sollten änneren, kënnen hir Verletzungen no der Aggressioun vun der UMEDO (Unité médico-légale de documentation des violences) dokumentéiere loossen. D'UMEDO ass eng Unitéit am Staatslabo, déi ronderëm d'Auer ze erreechen ass, an déi elo zanter engem Joer funktionéiert. Hannergrënn mam Maurice Molitor.