Aktuelles
Neutral Krittäre beim Bluttspenden
De Bluttspenderzenter vum Roude Kräiz lancéiert während der Summervakanz en Appell fir Blutt ze spenden. D'Besoinen u Blutt a Plasma si während dem Summer konstant, mee well vill Läit verreesen, ginn et manner Spenden.
A Frankräich ginn et fir Homosexueller haut nach ëmmer Restriktiounen. Déi musse während engem Joer abstinent gewiescht sinn, wa si wëlle Blutt spenden. Vun 2020 sinn et nëmme méi véier Méint. Zu Lëtzebuerg ginn et generell an neutral Prinzipien, déi sech op potentiell Risike baséieren. D'Reesgewunnechte ginn zu Lëtzebuerg bei de potentielle Bluttspender méi genee ënner d'Lupp geholl. D'Carole Schimmer mat Detailer.