Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Léon Losch

Et ginn illegal Glécksspiller an et ginn där legaler: déi eng maachen der National-Lotterie Suergen, déi aner bitt se selwer un.

Mat hire verschiddene Spiller huet d'National-Lotterie d'lescht Joer e Rekord-Benefice vun iwwer 24 Milliounen Euro gemaach. Dëse Gewënn geet komplett un den Etablissement Public Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, deen domat divers Projete finanzéiert. D'Œuvre Nationale geréiert och d'National-Lotterie.

Wouduerch erkläre sech de Rekord-Benefice an de Rekord-Ëmsaz 2018 bei der National-Lotterie? Dat froe mir den Direkter Léon Losch: hien ass Invité beim Serge Kesseler.

Rezent Emissiounen

  • Jacques Vandivinit

    Mir froen den neien Direkter vum Fonds du Logement, wéi hien nees wëllt Rou an de Betrib kréien.

  • Marianne Welter

    Mir froen d'Presidentin vum Groupement Transport, op hire Secteur an Zäite vum Klimaschutz eng Zukunft huet.

  • Raymond Aendekerk a René Winkin

    Mir froen den Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg an den Direkter vun der FEDIL wat si vun der Regierung hirem Klimaplang halen.

  • Jean Schoos

    Nom Récktrëtt vun der Sylvie Mischel froe mir de Parteipresident, wéi wäit ADR-Politiker mat hiren Aussoe kenne goen.

  • Nora Back

    E Gespréich mat där nei gewielter OGBL-Presidentin

  • Robert Harmsen

    Den neien Titulaire vum UNESCO-Léierstull fir Mënscherechter op der uni.lu äntwert op Froe vum Maurice Molitor.

  • Claude Meisch

    Den Educatiounsminister kommentéiert d'PISA-Resultater. De Maurice Molitor an de Simon Larosche féieren duerch d'Gespréich.

  • Luc Heuschling

    Mir froen de Verfassungsexpert vun der Uni firwat eist Grondgesetz muss reforméiert ginn.

  • Sven Clement

    10 Joer no der Grënnung: Mir froen de Piraten-Deputéierten wat seng Partei bis elo politesch areecht huet.

  • Nancy Kemp-Arendt

    D'CSV-Deputéiert presidéiert d'Petitiounskommissioun an der Chamber. Mir froe si, wat ee mat esou Petitioune kann areechen.

  • Simone Beissel

    Mir froen d'DP-Deputéiert firwat et awer keng ganz nei Verfassung gëtt.

  • Invité vum Dag: Tilly Metz a Charel Goerens

    Wat ass vun där neier EU-Kommissioun ze erwaarden? Invitéen sin d'Europadeputéiert, d'Tilly Metz (Déi Gréng), an Charel Goerens (DP)

  • Ralph Schroeder

    Mir froen den Direkter vum Centre Socio-Educatif de l'Etat zu Dräibuer op seng Institutioun d'Roll vum Prisong fir Mannerjäreger kann iwwerhuelen..

  • Eugène Berger

    Mir froen den DP-Fraktiounschef op seng Partei weider voll hannert der aktueller Regierungskoalitioun steet.

  • Mylène Bianchy

    Mir froen d'Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux op kleng Gewerkschaften eng Zukunft hunn.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen