arrow_back_ios
Aktuelles
2018 war fir den CHL e gutt Joer
Iwwer 170.000 Patiente sinn zejoert am CHL behandelt oder diagnostizéiert ginn. Eng Populatioun déi wiisst an e méi héijen Duerchschnëttsalter sinn zwee Grënn, wisou d'Zuel u Prestatiounen am CHL zanter Jore klëmmt, esou de Romain Nati. D'Qualitéit vun de Servicer am CHL gouf zejoert vun enger internationaler Kommissioun ënnert d'Lupp geholl a mat engem Qualitéitslabel präméiert. De Maurice Antony huet mam Romain Nati geschwat.