De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.
Klassik aktuell


E Moment Musical mat Gei an Uergel
Quasi iwwer de ganze Summer verdeelt kann een ëmmer donneschdes owes um hallwer sechs e Moment Musical lauschtere goen. An der Stad an der Kierch St. Alphonse ginn Uergelconcerte proposéiert, entweder eenzel oder zesumme mat engem Solist.
Haut den Owend (11.7.2019) steet den Optrëtt vun der Geiistin Daiva Karazijaite an dem Organist Rosch Mirkes op der Affiche. De Luc Boentges huet sech bei enger Prouf mat béide Museker getraff.
Rezent Emissiounen
-
Farewell Prayers
Dem David Ianni säin neien Album
-
Romantik a Spéitromantik
Live aus der Congresshalle vu Saarbrécken
-
Christmas Carols
Concerten mat Les Amis du Chant, dem Luxembourg Brass Ensemble, dem Organist Laurent Felten an der Pianistin Lynn Orazi
-
Kammermusek am Schlass
Zu Buerglënster proposéieren de Philippe Koch, d'Maria Kliegel an d'Laetitia Bougnol Wierker vu Grieg, Vieuxtemps a Schostakowitsch.
-
Best Export Artist of the Year - Klassik
De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg huet 2019 18 Concerten am Ausland gespillt.
-
Kompositiounenvu Schubert a Rossini
De radio 100,7 iwwerdréit de Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg muer den Owend (12.12.2019) live.
-
La famille Bach
D'Cembalistin Anne-Catherine Bucher an den Cellist Stephan Schultz proposéieren e kommentéierte Concert ronderëm d'Famill Bach.
-
Oratorio de Noël
Chrëschtconcert mam Madrigal de Luxembourg, de 14. a 15. Dezember 2019
-
"Von Sinnen"
De MoselMusikFestival 2020
-
Nei Kompositioune gesicht
De Kulturministère schreift aacht nei Wierker fir d'Saison 2020/21 aus.
-
Mat der 3. Symphonie an d'Charts
De 6. Dezember 1933 gëtt de polnesche Komponist Henryk Gorecki gebuer.
-
Wat kann Phil27?
D'App vun der Philharmonie fir Jonker ënner 27 Joer
-
De Fall Mozart
De 5. Dezember 1791 stierft de Wolfgang Amadeus Mozart. En Doud, dee fir immens vill Spekulatioune gesuergt huet.
-
D'Gewënnerin vum Concours Reine Elisabeth 2019
D'Geiistin Stella Chen spillt den Owend (5.12.2019) zesummen mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg.
-
A CAPE'LLA
De Festival ronderëm d'Stëmm geet mat Beatboxing, Jazz, Folk, Pop a Klassik a seng drëtt Editioun.
Programm
-
Metal Meltdown
-
On air
Notturno
-
Musica Sacra - Musek fir den drëtten Advent
-
Noriichten
-
Early Bird
Net verpassen
-
Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken
Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen