Aktuelles
EuGH kippt Klausel am Gesetz iwwer Studenteboursse fir Frontalieren
Den LCGB ass der Meenung, datt an Zukunft keng Restriktioune fir Frontaliere méi an d'Gesetz fir d'Studiebäihëllefe kënne geschriwwe ginn. Dat nodeems den Europäesche Geriichtshaff gëschter fir d'drëtt een entspriechend Gesetz gekippt huet. Den Ament musse Frontaliere jo, wann hiert Kand eng Studentebourse ufreet, op d'mannst fënnef Joer bannen de leschte siwe Joer hei am Land geschafft hunn. Datt ee manner restriktiivt Gesetz awer méiglecherweis mat engem méi grousse Käschtepunkt verbonne wier, gesäit den LCGB kritesch. Hannergrënn mam Françoise Keller.