Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Sandra Cellina

Et gesäit esou aus, wéi wann déi afrikanesch Schwéngspescht nach ëmmer net zu Lëtzebuerg ukomm wär: de Landwirtschaftsministère huet gëschter confirméiert, datt keent vun de siwe Wëllschwäin, déi Enn der leschter Woch bei der Juegd tëschent Lénger a Grass geschoss gi sinn, infizéiert war. Dat ass eng gutt Noriicht fir de Moment, mee keng Garantie fir d'Zukunft. Wéi geet et weider? Doriwwer ënnerhält de Maurice Molitor sech elo mat der Biologin Sandra Cellina aus der Naturverwaltung.

Rezent Emissiounen

  • Patrick Dondelinger

    Firwat brauche mir en immateriellt Kulturierwen? Mir froen den zoustännege Beamten aus dem Kulturministere.

  • Robert Mannes

    Mir froen de Responsabele vum Institut Vini-Viticole op de Klimawandel eng Chance fir d'Lëtzebuerger Wënzer ass.

  • Serge Legil

    Wéi ee Bilan zitt de Prisongsdirekter no engem Joer am Amt?

  • Liliane Ferron

    Aktuell Froen zum Thema Déiereschutz mat der Vize-Presidentin vun der Lëtzebuerger Déiereschutzliga Asbl

  • Michel Deckenbrunnen

    Den Éischtgewielte bei de leschte Wahlen an aktuelle Schäffe vu Wäiswampech reagéiert op de kommunale Referendum iwwer de Projet beim Séi.

  • Jean-Paul Scheuren

    D'Analys vum Lëtzebuerger Wunnengsmaart a senge Problemer - aus der Siicht vum President vun der Chambre Immobilière.

  • Andreas Hück

    Leit, déi ënner de Folge vum Tornado leiden, kënne vum Groupe permanent d'encadrement psycho-traumatologique (GPEPT) gehollef kréien.

  • Raymond Becker

    Asaz fir Fridden an Ofrëschtung am Schied vun der Klimabeweegung: e Gespréich mam Matgrënner vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform.

  • Lynn Luciani

    D'Presidentin vun der Douanesgewerkschaft iwwer d'Aufgabe vun der Verwaltung an d'Suerge vun den Douanieren.

  • Roland Kuhn

    Um éischte Schaffdag nom Kollektiv-Congé ass de President vun der Federatioun vun de Bau-Entreprisë Gaascht am Studio.

  • Marc Hengen

    Eng honnert Milliounen Euro wäert den Tornado d'Assurancë kaschten, mengt de Branche-Verband ACA. Säin Administrateur-délégué steet Ried an Äntwert.

  • Georges Andrade

    Wat passéiert mat Leit, déi sech déi deier Präisser um Wunnengsmarché net méi leeschte kennen? Dat froe mir den Direkter vun der Wunnengshëllef Asbl.

  • Gespréicher ronderëm den Tornado

    Mat Leit, déi gelidden oder gehollef hunn.

  • Taina Bofferding a Pierre Mellina

    D'Inneministesch an de Péitenger Buergermeeschter erklären, wéi Leit, déi duerch den Tornado geschiedegt goufen an nächster Zäit gehollef kréien.

  • Winfried Heidrich

    E Grupp vu Bierger fuerdert, datt si méi an den Opbau vum neie Wunnquartier op der Areler Strooss agebonne ginn. Mir schwätzen mat engem vun de Grënner vun der Initiativ.

Programm

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen