Aktuelles
Debatt tëschent Johnson an Hunt
Wochelaang war drop gewaart ginn, a gëschter Owend war et endlech esouwäit: den Televisiounsdebat a Groussbritannien tëschent de konservative Kandidate Boris Johnson a Jeremy Hunt. Et war och deen eenzegen Debat, un deem de Boris Johnson acceptéiert huet deelzehuelen. A gläichzäiteg hunn déi 160.000 Wieler, déi deen neie Leader vun den Tories an domat och deen neie briteschen Premier nominéieren däerfen, domat ugefaangen, hir Wahlziedelen eranzeschécken. Dozou e Bäitrag vun eiser London-Korrespondentin Elodie Goulesque.