arrow_back_ios
Aktuelles
Tëschent Dréchent a Bio: Defie vun der Landwirtschaft
An der Landwirtschaft géif een nach d'Nowierkunge vun der Dréchent vum leschte Joer spieren. Dat sot de Christian Wester, Vizepresident vun der Bauerenzentral. An och déi ambitiéis Ziler vun der Regierung a punkto Bio-Landwirtschaft deelt de Christian Wester net. De Landwirtschaftminister Romain Schneider hält awer u sengen Ziler fest, bis 2025 ee Fënneftel vun der Landwirtschaft op Bio ëmgestallt ze hunn. E Reportage iwwer zukünfteg an aktuell Erausfuerderungen fir d'Lëtzebuerger Landwirtschaft vum Maurice Antony.