arrow_back_ios
Aktuelles
Sondagen: Wéi sinn déi reguléiert?
Sondagë kënnen d'Resultat vu Wahle beaflossen. Grad kuerz virun engem Referendum oder enger Wahl kënne se en Afloss drop hunn, op Leit wiele ginn a wéi se ofstëmmen. Aus deem Grond gëtt et a ville Länner Reegelen, wéi Medie mat Sondagen ëmginn. Och hei zu Lëtzebuerg: Dobäi huet sech awer erausgestallt, datt dës Reegelen net ëmmer praktikabel sinn. De Stephan Polet mat Hannergrënn.