arrow_back_ios
Commentaire
En däitsche Bléck op d'Ursula von der Leyen
D'EU-Staats- a Regierungscheffen hunn d'Ursula von der Leyen als Kandidatin fir de Poste vun der EU-Kommissiounscheffin proposéiert. Et ass aus verschiddene Grënn eng kriddeleg Propos: Besonnesch d'EU-Parlament fillt sech op d'Féiss getrëppelt. Mee wien ass déi däitsch Politikerin iwwerhaapt? Wat géif hire Wiessel op Bréissel fir déi däitsch Politik bedeiten? An ass déi däitsch Regierung domat um Ënn? D'Chronik vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.