Aktuelles
"D'AIIB ass keng chinesesch Bank"
D'Asian Infrastructure Investment Bank, kuerz AIIB, gouf virun dräi an engem hallwe Joer an d'Liewe geruff, dat mat Haaptsëtz zu Peking. Virun allem China wollt eng Alternativ zu der Weltbank hunn. An enger Woch huet déi asiatesch Investitiounsbank hiert véiert Jorestreffen, an dat zu Lëtzebuerg. Et ass déi éischte Kéier, datt esou e Jorestreffen ausserhalb vun Asien stattfënnt. Déi asiatesch Investitiounsbank ass awer net onëmstridden. De Stephan Polet huet eng Woch virum Jorestreffe vun der AIIB mat dem Vize-President vun der Bank, dem Brit Sir Danny Alexander geschwat.