Aktuelles
100 Prozent Bio bis 2050?
Bis 2020 sollen 20 Prozent vun den Agrarflächen op Biolandwirtschaft ëmgestallt ginn. Bis 2050 ginn 100 Prozent ugepeilt. Den Agrarminister wëllt am September en neie Bio-Aktiounsplang presentéieren. An der Chamber gouf et ee Konsens doriwwer fir eng nohalteg Landwirtschaft ze fërderen. Fir d'Produktioun besser un d'Besoine vum Lëtzebuerger Maart unzepassen, soll eng Maartanalys realiséiert ginn. D'Primmen un d'Bauere kéinte méi geziilt fir biologesch Produktiounsmethoden agesat ginn. Iwwer dee Wee kéint een d'Landwirtschaft reorientéieren. Detailer dozou mam Carole Schimmer.