Invité vum Dag

En Interview iwwer en aktuelle Sujet. Invitéen aus alle méigleche gesellschaftleche Beräicher gi gefrot an hannerfrot.

Roger Schauls a Marc Reiter

"Eng Klappjuegd steet am komplette Géigesaz zum Déiereschutz an ass net méi zäitgeméiss". Där Meenung ass den Auteur vun der Petitioun fir ee gesetzleche Verbuet vun der Klappjuegd. D'Petitioun ass iwwermuer d'Thema vun engem ëffentlechen Debat an der Chamber. Wéi stinn Ëmweltorganisatioun a Jeeër-Federatioun zu esou engem méigleche Verbuet? Doriwwer diskutéieren de Roger Schauls vum Mouvement Ecologique an de Marc Reiter vun der Jeeër-Federatioun. Moderatioun, Françoise Keller. 

Rezent Emissiounen

  • Michel Deckenbrunnen

    Den Éischtgewielte bei de leschte Wahlen an aktuelle Schäffe vu Wäiswampech reagéiert op de kommunale Referendum iwwer de Projet beim Séi.

  • Jean-Paul Scheuren

    D'Analys vum Lëtzebuerger Wunnengsmaart a senge Problemer - aus der Siicht vum President vun der Chambre Immobilière.

  • Andreas Hück

    Leit, déi ënner de Folge vum Tornado leiden, kënne vum Groupe permanent d'encadrement psycho-traumatologique (GPEPT) gehollef kréien.

  • Raymond Becker

    Asaz fir Fridden an Ofrëschtung am Schied vun der Klimabeweegung: e Gespréich mam Matgrënner vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform.

  • Lynn Luciani

    D'Presidentin vun der Douanesgewerkschaft iwwer d'Aufgabe vun der Verwaltung an d'Suerge vun den Douanieren.

  • Roland Kuhn

    Um éischte Schaffdag nom Kollektiv-Congé ass de President vun der Federatioun vun de Bau-Entreprisë Gaascht am Studio.

  • Marc Hengen

    Eng honnert Milliounen Euro wäert den Tornado d'Assurancë kaschten, mengt de Branche-Verband ACA. Säin Administrateur-délégué steet Ried an Äntwert.

  • Georges Andrade

    Wat passéiert mat Leit, déi sech déi deier Präisser um Wunnengsmarché net méi leeschte kennen? Dat froe mir den Direkter vun der Wunnengshëllef Asbl.

  • Gespréicher ronderëm den Tornado

    Mat Leit, déi gelidden oder gehollef hunn.

  • Taina Bofferding a Pierre Mellina

    D'Inneministesch an de Péitenger Buergermeeschter erklären, wéi Leit, déi duerch den Tornado geschiedegt goufen an nächster Zäit gehollef kréien.

  • Winfried Heidrich

    E Grupp vu Bierger fuerdert, datt si méi an den Opbau vum neie Wunnquartier op der Areler Strooss agebonne ginn. Mir schwätzen mat engem vun de Grënner vun der Initiativ.

  • Marie-Christine Ries

    Mir froen déi bëschooflech Delegéiert, op si dru gleeft, datt Fraen deemnächst méi eng grouss Roll an der kathoulescher Kierch kennen iwwerhuelen.

  • Peter Hengel

    Geet dat 110-Joer aalt Konzept vun de Jugendherbergen och haut nach duer fir Gäscht unzelackelen? Mir froen den neien Direkter vum Verband.

  • Paul Philipp

    Vill Lëtzebuerger Nationalspiller spille mëttlerweil am Ausland. Mir froen de President vun der Fussball-Federatioun, wat dat fir dat nationaalt Championnat bedeit.

  • François Koepp

    Mam Generalsekretär vun der Horesca schwätze mer iwwert d'Konkurrenz vun AirBnB fir d'Hoteller, de Manktem u Personal an aner Erausfuerderunge fir de Secteur.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen