Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

Eng Tragedie huet der Loveparade en Enn gesat

Et ass kleng ugaangen, gouf dono zu engem Risesepktakel, an et ass mat enger Tragedie op en Enn gaangen. Rieds geet vun der Loveparade. Virun 30 Joer, 1989, hate sech 3 DJen a grad emol 150 Leit zu Berlin Rendez-vous fir déi éischt Loveparade ginn an hunn op dräi Weenercher zu zolitte Beats vun elektronescher Musek gedanzt. Um Ufank vun deem Ganzen stoung den DJ Dokter Motte, an hien huet d'Loveparade deemools als Demonstratioun ugemellt, e Status deen Loveparade awer 2001 verluer huet.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen